Avenue Guillaume

D'Avenue Guillaume ass eng Strooss am Quartier Belair vun der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank op der Kräizung Boulevard Grande-Duchesse Charlotte / Escher Strooss a leeft dann a Richtung Weste bis bei d'Avenue du Dix-Septembre. Als Verbindung tëscht der N4 an der N5 ass se och eng Nationalstrooss, an zwar d'N5A. D'Avenue krut hiren Numm als Undenken un de Wëllem IV. dee vun 1905 bis 1912 Groussherzog vu Lëtzebuerg war. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Wilhelmallee” geheescht.


Developed by StudentB